# Zipsi.lu

> Zipsi.lu (iPhone/iPad app by Tom Schockmel.)

- Source: https://appshunter.io/ios/app/zipsilu/id6760490450 (this page in markdown: same URL + `.md`)
- Developer: [Tom Schockmel](https://appshunter.io/developer/1884701067)
- Category: Education, Games, Family
- Price: Free
- Age rating: 4+
- Requires: iOS 17.0 · 13 MB
- Languages: American English
- Released: 2026-03-16
- Data updated: 2026-04-22
- User reviews in markdown: https://appshunter.io/ios/app/zipsilu/id6760490450/reviews.md

## What is Zipsi.lu?

Zipsi.lu ass déi éischt Mathematik-Léier-App, déi speziell fir de lëtzebuerger Schoulprogramm entwéckelt gouf.
Zesumme mam klenge Monster Zipsi léiere d'Kanner vu 6 bis 11 Joer d'Welt vun den Zuelen kennen - vum éischten Zielen bis hin zu komplexe Bréch an Dezimalzuelen.

ELO MULTILINGUAL
Zipsi schwätzt elo Är Sprooch! Wiesselt an den Astellunge ganz einfach tëscht:
Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch. D'Sprooch gëtt gespäichert a bleift no engem Neistart erhalen.

OPTIMISÉIERT FIR DEN IPAD
Egal ob um iPhone oder um iPad: Zipsi gesäit elo iwwerall perfekt aus.
Mat méi grousser Schrëft an engem ugepasste Layout ass d'Bedéngung op Tabletten elo nach méi einfach an intuitiv.

3 SPILLMODI FIR ALL MODUL
- Quiz: 4 Äntwerten - wiel déi richteg.
-Countdown: 60 Sekonnen - wéi vill packs du?
- Fräi Agab: Tipp d'Äntwert selwer mat der Zuelentastatur an.

42 MODULE - CYCLE 2 BIS 4
D'Inhalter sinn exakt un de lëtzebuerger Schoulplang (Plan d'études) ugepasst:
- Cycle 2.1: Zielen (mat neier Video-Animatioun), Addéieren a Subtrahéiere bis 10.
- Cycle 2.2: Rechnen bis 20, Zénger an Eener, klengt Eemoleens.
- Cycle 3.1 an 3.2: Rechnen bis 100, Deelen, Eemoleens bis 12.
- Cycle 4.1 an 4.2: Rechnen bis 1000, Bréch addéieren, Dezimalzuelen.

MOTIVÉIEREND BELOUNUNGSSYSTEM
- Stären-System: Sammelt bis zu 3 Stäre pro Modul.
- Badges a Sticker: Iwwer 47 verschidde Stickere kënne verdéngt ginn.
- Streak-System: Bleif um Ball a kuck, wéi vill Deeg du hannereneen üübs.
- Animéiert Effekter a Sound bei grousse Succèsen.

ELTEREN-DASHBOARD
- Behalt de Fortschrëtt am Bléck:
- Detailléiert Statistiken iwwer d'Wochenaktivitéit a Spillzäit.
- Duerchschnëttsscore a Sessiouns-Historique mat Datum an Noten.

Profil-Verwaltung: Bis zu 3 Profiler pro Apparat méiglech.

SÉCHERHEET AN PRIVATSPHÄR
- 100% Gratis: Keng Reklammen a keng In-App Akeef.
- Privatsphär: All Donnéeë bleiwen lokal um Apparat. Kee Login an keen Tracking.
- Kompatibel: Funktionéiert elo scho vum iOS 17.0 un.

Entwéckelt mat vill Léift zu Lëtzebuerg - www.zipsi.lu


## Version history (last 5 releases)

### 1.4 — 2026-03-31

Wat ass nei bei Zipsi.lu (v1.4)?
- Sprooch-Auswiel: Zipsi schwätzt elo 5 Sproochen! Dir kënnt an den Astellungen tëscht Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch wiesselen. Är Wiel gëtt gespäichert.
- iPad-Optimiséierung: D'App gesäit op dem iPad an iPad Air elo nach besser aus mat méi grousser Schrëft, verbesserte Layouten a méi grousse Knäppercher.
- Nei Animatiounen: D'App fillt sech elo nach méi lieweg un mat neien Effekter fir d'Kaarten an d'Knäppercher.

Bugfixes:
- Mir hunn d'Duerstellung vun den Nimm op klenge Bildschirmer korrigéiert an d'Navigatioun bannent de Moduler verbessert.

Merci fir de Feedback a vill Spaass beim Rechnen!

### 1.3 — 2026-03-20

Wat ass nei bei Zipsi.lu (v1.3)?

- Neit Staeren-System: D'Staeren op de Moduler weisen elo kloer de Fortschrëtt un. Fir all Spillmodus deen Dir spillt, kritt Dir ee Staer (max. 3 Staeren pro Modul). Merci Linda.
- Badge-System: Badges ginn elo méi fair verdeelt. Fir de "Cycle Champ" oder "5 Module" ze kréien, musse wierklech all 3 Modi pro Modul gespillt ginn.
- Konfetti-Animatioun: Succès muss gefeiert ginn! Bei 3 Staeren an engem Spill gëtt et elo eng nei Konfetti-Animatioun.
- Erweidert Statistiken: Nei Iwwersiicht iwwer d'Aktivitéit vun de leschte 7 Deeg an eng detailléiert Tabell pro Modul mat Scores an Duerchschnëtt.
- Toun-Steierung: Wiesselt den Toun elo direkt am Spill iwwer dat neit Lautsprecher-Icon aus oder un.
- Bugfixes: D'Berechnung vun de Statistike gouf korrigéiert an d'Iwwersetzunge sinn elo op iOS an Android synchron.

Merci fir de Feedback a vill Spaass beim Rechnen!

### 1.2 — 2026-03-19

Wat ass nei bei Zipsi.lu (v1.2)?

- Neie Modus: Ziele bis 10 mat flotte Video-Animatiounen an enger Hand, déi d'Fangeren weist.
- Besser Duerstellung: Mir hunn de Layout optimiséiert, sou datt d'Knäppercher an d'Zuelenblocken op allen Apparater an um iPad perfekt ugewise ginn.
- Modul-System: Moduler ginn elo eréischt fräigeschalt, wann de virausgaangene Modul an allen dräi Modi mat mindestens 2 Stären ofgeschloss gouf.
- Profil-Verwaltung: Dir kënnt elo bis zu 3 Profiler uleeën an dës duerch laangt Drécken och nees läschen.
- Méi Ofwiesslung: D'Aufgaben hunn elo méi verschidde Resultater.

Merci fir de Feedback a vill Spaass beim Rechnen!

### 1.1 — 2026-03-17

Wat ass nei bei Zipsi.lu (v1.1)?

Merci fir Äre Feedback! Hei ass wat mir verbessert hunn:

Méi kompatibel: Zipsi leeft elo op nach méi Apparater (schonn ab iOS 17.0).

Den Zyklus méi genee auswielen: Kanner gesinn elo direkt hire spezifeschen Oenner-Cycle (z. B. 2.1 amplaz vum ganze Cycle 2).

Dräi Weeër fir ze spillen: All Modul bitt elo dräi Modi - Quiz, géint d'Zäit an d'Zuelen selwer androen.

Frëschen Design: D'Startsäit ass méi kloer an d'Spiller-Kaarte weisen direkt den aktuellen Zyklus un.

E Problem mellen: Dir kënnt eis elo direkt aus der App eraus e Message schécken, wann eppes net klappt.

Vill Spaass beim Rechnen!

### 1.0 — 2026-03-16

No release notes.

---

*Data collected daily from the US App Store and indexed by [AppsHunter](https://appshunter.io/). User reviews are verbatim App Store reviews. Ratings, prices and chart positions refresh continuously; this snapshot is from 2026-04-22.*
